NOHELLEF GRONDSCHOUL & LYCEE

Flagge Frankreich

● Besser Schoulresultater an der Grondschoul (fréier Primär-

   schoul) an am Lycée mat Nohëllef

● Virbereedung op Prüfungen, Tester, Examen

● Fächer: Mathematik, Franséisch, Englesch, Däitsch, Physik,

   Comptabilitéit, aner Fächer op Ufro

● Hausaufgabenënnerstëtzung

● Nohëllef per Videokonferenz Skype

● Nohëllef ab 0 Euro (mat finanzieller Hëllef vum Staat)

● Nohëllef ab 25 Euro pro Woch bei Iech doheem mat engem

   lëtzebuerger Enseignant

● Kee Kontrakt, keng Mindestlafzait, keng Coursen am Viraus

   bezuelen

● Zukënftege Projet: Didaktescht Material offréiert vun

   Sponsoren

Léif Elteren,


hutt Dir Kanner an der Grondschoul respektiv am Lycée?


Wënscht Dir Iech datt Är Kanner an der Grondschoul gutt Resultater an den Prüfungen souwéi op hiren Zensuren kréien an keng Klass redoubléieren?


Am Laf vum 6. Schouljoer (Cycle 4.2) ginn d‘Schüler op dräi verschidden Klassen, 7 C (classique), 7 G (général anc. technique) an 7 P (préparatoire anc. modulaire) orientéiert. Wéi ee Lycée wënscht Dir Iech fir Är Kanner?


Am Lycée Technique ginn d’Schüler am drëtten Joer an eng 5 G (général) an 5 AD (adaptation) opgedeelt. No enger 5 AD ginn se am véierten Joer an eng 4 T (technicien) an 1e année DAP (diplôme d’aptitude professionnelle) opgedeellt.


Domat hunn mer um Enn vum Lycée fënnef verschidden Diplomer: diplôme de fin d‘études secondaires classiques, diplôme de fin d‘études secondaires générales, diplôme de technicien, diplôme d‘aptitude professionnelle, certificat de capacité professionnelle. Et existéieren nach véier aner Diplomer am Enseignement germano-luxembourgeois, européen, britannique an international.

Wat sinn d‘Virdeeler vun eisen Nohëllefcoursen?


- Äert Kand kritt d‘Matière vun sengen Schoulfächer 

   presentéiert an erklärt.

- An eisen Eenzelnohëllefcoursen huet Äert Kand

  d‘Méiglechkeet fir al seng Froen ze stellen.

- Dir als Elteren kënnt bestëmmen wéi ee Fach, Kapitel oder

  Thema reviséiert soll ginn.

- Eng Widderhuelung vun enger Schoulmatière bewierkt dat

  se am Gedächtnes besser memoriséiert gëtt.

Klickt op di wäiss Enveloppe an op di sozial Netzwierker fir Ärer Famill, Frënn a Bekannten dës Internetsäit ze empfeelen.

Einfache Homepage Erstellung

Ich erstelle meine Website